Etude Sadler
« Mënschen ëm hir Grondrechter ze bréngen ass d‘Afrostellen vun hirer Mënschlechkeet. »
Nelson Mandela, südafrikanescher Menscherechtler

D‘Étude SADLER ass spezialiséiert op Rechtsfroen am Beräich vum Strof- an Zivilrecht, vum Immigratiounsrecht a vum Aarbechtsrecht.

Als Vizepresidentin vun der Berodungskommissioun fir Mënschenrechter ass d‘Maître SADLER besonnech opmierksam wat Verletzunge vun de Mënschenrechtsinstrumenter, souwuel op nationalem, europäeschem an internationalem Niveau, ugeet.

D‘ Honoraire vun der Étude si fräi a gi mam Accord vum Client fixéiert. D‘Maître SADLER hellt och Dossieren vun der Assistance judiciaire un.