Maître Noémie SADLER,
Affekotin um Barreau zu Lëtzebuerg, engagéiert sech souwuel op nationalem, wéi och op internationalem Niveau, fir d’Défense vun Ären Intérêten. D‘ Maître SADLER vertrëtt och hir Clientë virum Europäesche Geriichtshaff fir Mënschenrechter.
Als kompetenten Uspriechpartner, mat Asaz a Pragmatismus un Ärer Säit, verhandelt si stänneg Är Affairë mat gréisster Suergfalt a bitt innovativ Léisungen am Interessi vum Client un.
D‘Maître SADLER ëmfänkt Iech op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch.
Aktivitéiten
D‘Etude SADLER ass spezialiséiert an de folgende Domainer:
- Strof- an Zivilrecht
- Familljerecht
- Immigratiounsrecht
- Mënscherechter
- Aarbechtsrecht